Simone Asselborn-Bintz

53, Belvaux
Échevine de la commune de Sanem
Éducatrice diplômée
Candidate aux élections européennes de 2009

Iwwer d’Simone:

Wat war däin éischt politescht Engagement?
D’Demonstratiounen géint Cattenom an den 80er Joren.

Firwat setz du dech an?
Fir dass jiddereen déiselwecht Chancen am Liewe kritt.

Wat mécht dech rosen?
Ongerecht behandelt ze ginn, a Leit déi ëmmer onzefridde sinn.

Wat mécht dech zefridden a frou?
Wann déi, déi ech gären hunn, zefridden a glécklech sinn an d’Gesellschaft vu gudde Frënn a léiwe Mënschen.

Wat ass deng beschte Qualitéit?
Empathesch sinn, Humor hunn.

Wat ass däi gréissten Défaut?
Net nee soe kënnen, wéineg Gedold hunn.

Wat géing dech eng Kéier soen doen: Ech hu mäi politescht Zil erreecht!
An der Politik huet ee menger Meenung no ni seng Ziler ganz erreecht. Et kommen ëmmer nei Erausfuerderungen op een duer, wou ee gefuerdert gëtt an dat mécht eisen Asaz ofwiesslungsräich an interessant.

Kontaktéier d’Simone: