Nicolas Schmit

65, Berdorf
Ancien ministre du Travail et de l’Emploi
Ancien ministre aux Affaires européennes
Co-tête de liste

Iwwer de Nico:

Wat war däin éischt politescht Engagement?
Ech hu mech mat 17 Joer politesch an der LSAP engagéiert a war dunn och an der JS aktiv. Als Student war ech am franséische PS aktiv an d’Presidentschaftswahl vun 1974, wou de Mitterrand nëmme knapps verluer huet, huet mech staark markéiert. Ech war och e Matgrënner vun den Étudiants socialistes, déi e wichtege Rôle an der UNEL gespillt hunn.

Firwat setz du dech an?
Fir eng gerecht Gesellschaft mat Chancëgläichheet bei eis an Europa a besonnesch och an den Entwécklungslänner. Als Papp vu 4 Kanner wëll ech, dass mer deene kommende Generatiounen eng Welt hannerloossen, an där et sech liewe léisst. Mir Sozialisten hunn ëmmer fir eng besser Gesellschaft gekämpft. Dat ass haut méi wichteg wei jee. Mir brauchen Europa dofir. Den Nationalismus ass erëm eng Gefor.

Wat mécht dech rosen?
Ongerechtegkeet, déi grouss wéi déi kleng, Rassismus a Xenophobie, an iwwerhaapt all Viruerteeler a Gewalt an alle Formen.

Wat mécht dech zefridden a frou?
D’Gefill, dass eppes Positives erreecht ginn ass, dass et méiglech ass, fortschrëttlech Iddien ëmzesetzen, zefridde Mënschen ze erliewen, och a menger Famill.

Wat ass deng beschte Qualitéit?
Net opzeginn an un dat ze gleewen, wat ech maachen a soen.

Wat ass däi gréissten Défaut?
Ongedold, wann et net esou leeft, wéi ech dat wollt.

Wat géing dech eng Kéier soen doen: Ech hu mäi politescht Zil erreecht!
D’Gefill ze hunn, dass meng politesch Aktiounen a mäin Engagement Saache verbessert hunn an domat och Matmënschen gehollef ze hunn, oder an anere Wierder, dass déi Gesellschaft, an där mer liewen e bësse besser a méi gerecht ginn ass. Dat gëllt och fir mäin europäescht Engagement.

Kontaktéier de Nico: