16.05.2019
LSAP meets the Farmers
Eng Diskussioun em d’Problematiken aus dem ländleche Raum.
mam
Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft
Nicolas Schmit, LSAP-Spëtzekandidat fir d’Europawahlen
Elisha Winckel, LSAPKandidat fir d’Europawahlen
moderéiert vum Carlo Weber, President LSAP Sektioun Klierf
D’Problematiken déi sech am ländleche Raum stellen huelen e grousse Stellewäert souwuel am Europamanifest vun der LSAP an, wéi och deem vum PES – Parti SocialisteEuropéen. Sou striewe mer als Progressisten eng europäesch Landwirtschaftspolitik un, déi souwuel Klima- a Biodiversitéitsziler verfollegt wéi och de Bauere gerecht Präisser garantéiert, hir Roll an der Produktiouns- an Distributiounschâine vu gesonde Liewensmëttele valoriséiert a besonnesch jonke Baueren den Zougang zu landwirtschaftlechem Terrain erliichtert. D’europäesch Landwirtschaftspolitik, mee och d’Ëmweltpolitik an d’Problematiken em kléng a mëttelstänneg Betriber sinn Themen déi mer Iech proposéieren unzeschwätzen.
Praktesch Detailer
Programm:
18.30: Accueil
19.00: Konferenz
20.30: Ofschloss
Veranstaltungsuert:
Centre Culturel Wëntger
Maison 89, Wëntger
Umeldungen:
info@lsap.lu ;
tél. 45 65 73-1
tél. 45 65 73-1