Lisa Kersch

24, Pontpierre
Étudiante en dernière année en relations internationales
Ancienne porte-parole de l’Union nationale des étudiant-e-s du Luxembourg (UNEL)
Co-tête de liste

Iwwer d’Lisa:

Wat war däin éischt politescht Engagement?
2011-2012 hat ech d’Méiglechkeet, de Lycée Hubert Clément an der CNEL ze vertrieden. Deemools war d’Lycéesreform ënnert dem Mady Delvaux grad um Iwwerkachen. D’CNEL huet do ënnert anerem mat hierem Avis mee och a Verhandlunge mat der Ministesch probéiert, d’Interesse vun de Schüler*innen esou gutt wéi méiglech anzebréngen an ze verdeedegen.

Firwat setz du dech an?
Ech setze mech fir eng gerecht a virun allem eng tolerant Gesellschaft an. Soll heeschen, ech setzen mech dofir an, eng Gesellschaft ze schafen, an där kee opgrond vu senger “Verschiddenheet” benodeelegt gëtt, sief dat déi sexuell Orientéierung, d’Geschlecht oder d’Tatsaach dass een en Handicap huet.

Wat mécht dech rosen?
Wa verschidde Leit sech aneren iwwerleeë fillen.

Wat mécht dech zefridden a frou?
Wann ech gesinn, dass Engagement eppes bréngt, sief dat elo mäin Engagement oder dat vun anere Leit, wéi elo zum Beispill dem Greta Thunberg. Dat gëtt mer Hoffnung, dass een ëmmer kann eppes beweegen an da weess ech nees, dass ech mech net fir näischt engagéieren.

Wat ass deng beschte Qualitéit?
Ech sinn ëmmer zimlech riicht eraus.

Wat ass däi gréissten Défaut?
Ech sinn ëmmer zimlech riicht eraus.

Wat géing dech eng Kéier soen doen: Ech hu mäi politescht Zil erreecht!
Wa mer eng Kéier de Weltfraendag just als Erënnerung un de Fraen hire Kampf feieren, an net als Opruff, dass mer nach ëmmer keng Egalitéit erreecht hunn.

Kontaktéier d’Lisa: