Joanne Goebbels
39, Luxembourg-Ville
Professeur de français

Iwwer d’Joanne:
Wat war däin éischt politescht Engagement?
Am Lycée, matt Frënn en Amnesty-Grupp an d’Liewen ze ruffen.
Firwat setz du dech an?
Chancëgerechtegkeet an alle Beräicher.
Wat mécht dech rosen?
Mënsche mat engem Manktum un Empathie.
Wat mécht dech zefridden a frou?
Un engem (gutt gedeckten) Dësch matt Frënn a Famill ze diskutéieren, wéi een d’Welt kéint verbesseren!
Wat ass deng beschte Qualitéit?
Dat misst een déi Persoune froen, déi mer no stinn, mee a priori meng Liewensfreed.
Wat ass däi gréissten Défaut?
Ongedëlleg ze sinn.
Wat géing dech eng Kéier soen doen: Ech hu mäi politescht Zil erreecht!
Wa kee Mënsch méi op der Strooss liewe muss an den Aarmutsrisiko – zemools bei de Kanner an de monoparentale Familljen – bei Null ukomm ass.

