Elisha Winckel

24, Schengen
Étudiant en dernière année en sciences politiques
Vice-Président – Jeunes socialistes européens
Ancien président du Jugendparlament.

Iwwer den Elisha:

Wat war däin éischt politescht Engagement?
Meng éischt Erfarunge mat der Politik hunn ech am Jugendparlament gemaach. Mäin éischt Mandat war 2014 wéi ech do an den Exekutivbüro gewielt gouf.

Firwat setz du dech an?
Fir e Systemwiessel, wann ee gesäit, datt d’Mënschheet a bësse méi wéi engem hallwe Joer all d’Ressourcen opbraucht déi eise Planéit an engem Joer regeneréiere kann. En anert Thema, wat mer um Häerz läit, ass d’politesch Participatioun. Jiddereen – Jonk an Al, Auslänner a Lëtzebuerger – soll a muss d’Geleeënheet kréien, um lokalen, nationalen an europäesche Niveau matzemaachen a matzebestëmmen.

Wat mecht dech rosen?
Egoismus an Ausgrenzung. Fir eng Gesellschaft ze schafen, an där sech jidderee wuel fillt a versuergt ass, brauche mer e “Mateneen”, an net e “Géinteneen”.

Wat mécht dech zefridden a frou?
Anere Leit eng Freed ze maachen.

Wat ass deng beschte Qualitéit?
Iwwer Réckschléi schnell ewechzekucken, meng Lektiounen ze zéien a mat voller Motivatioun weiderzemaachen.

Wat ass däi gréissten Défaut?
Meng Opfaassung vun Zäit. Ech mengen ëmmer ech hätt der méi, wéi eigentlech de Fall ass. A meng Léift fir Glace. Dat ass nämlech e Problem, wann ee laktosintolerant ass 🙂

Wat géing dech eng Kéier soen doen: Ech hu mäi politescht Zil erreecht!
Wa mäin Engagement Leit dovunner iwwerzeegt, selwer aktiv ze ginn an eng Hand unzepacken. Eng besser Gesellschaft kann een nämlech nëmmen zesumme schafen.

Kontaktéier den Elisha: